Trauer

Wat ass Trauer a wéi entwéckelt se sech?

Trauer ass e normale Prozess, deen no enger déiwer Erfahrung duerch e Verloscht geschitt. Dës Verloschter kënne sou eenzegaarteg an individuell sinn, datt eng personaliséiert Approche dacks nëtzlech ass, fir Iech ze hëllefen, an Ärem Liewen weiderzekommen.

Trauer kann sech op de Verloscht vun engem Léifsten, engem Hausdéier, enger Liewensphase oder eppes ganz anescht bezéien.

Jiddereen, deen jeemools sou eng Trauer erlieft huet, geet vun engem Schockzoustand, an deem de Verloscht ufanks ofgestridden gëtt, an en Zoustand vun der Erkenntnis mat intensiven emotionalen Ausbréch.

Dir kennt sécherlech och déi Momenter, wou Är Ëmgéigend sech normaliséiert schéngt ze maachen, awer Dir ëmmer nach an Ären Emotiounen agespaart sidd.

Genee do kommen mir eran, fir Iech z’erméiglechen, Äre Verloscht ze realiséieren an z’akzeptéieren, en als positiven Deel vun Iech selwer z’integréieren an Iech doduerch z’erméiglechen, Äert neit Liewen unzefänken. Lues a lues kënnt Dir ufänken, Är Trauer ze veraarbechten a lasszeloossen, well Dir wësst, datt den verluerenen Deel elo an Iech integréiert ass.

Kontaktéiert mech gären iwwer de Kontaktformular fir méi Informatiounen.